Webfaarf

Eng Webfaarf ass Faarf déi fir den Design vu Websäite benotzt gëtt. D'Spezifikatioune vun de Webbrowsere bidden d'Méiglechkeet, déi ugewise Faarfwäerter am Hexadezimal- oder Dezimalformat ze definéieren, oder andeems déi eege Faarfnimm vum Browser benotzt ginn.
Informatesch Codéierung vun de Faarwen
[änneren | Quelltext änneren]An der Webentwécklung kann eng Faarf bannent engem Stylesheet (CSS) bezeechent ginn.
Méi Informatioun doriwwer an den Artikelen HSV-Faarfraum; RGB-Faarfraum a(n) Quadrichromie
Nimm vun de Faarwen am HTML
[änneren | Quelltext änneren]D'Spezifikatioun vum HTML 4.01 definéiert 16 Faarwen, déi mat 18 englesche Schlësselwierder genannt ginn (fir zwou Faarwe gëtt et Synonymmer). D'Iwwersetzung op Lëtzebuergesch an der Tabell hei drënner ass just indikativ an et si keng gülteg HTML-Attributer.
| Wäert | Faarf | Wäert | Faarf | Wäert | Faarf | Wäert | Faarf |
|---|---|---|---|---|---|---|---|
| #00FFFF | aqua / cyan | #008000 | green
(Gréng) |
#000080 | navy | #C0C0C0 | silver
(Sëlwer) |
| #000000 | black
(Schwaarz) |
#808080 | gray
(Gro) |
#808000 | olive
(Oliv) |
#008080 | teal |
| #0000FF | blue
(Blo) |
#00FF00 | lime | #800080 | purple
(Mof) |
#FFFFFF | white
(Wäiss) |
| #FF00FF | fuchsia / magenta | #800000 | maroon | #FF0000 | red
(Rout) |
#FFFF00 | yellow
(Giel) |
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Tabell mat de Faarfcoden op der däitscher Wiki
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Webfaarf – Biller, Videoen oder Audiodateien |