Op den Inhalt sprangen

Cyan

Vu Wikipedia
Cyan
 
An anere Sproochen (fr) cyan, (de) Cyan
Typ Grondfaarf
Spektral Informatiounen
Wellelängt 500 nm
Frequenz 599.000.000.000.000 Hz
Zesummesetzung
HEX 00FFFF
RGB (R, G, B) 0, 255, 255
CMYK (C, M, Y, K) 100 %, 0 %, 0 %, 0 %
HSV (H, S, V) 180°, 100 %, 50 %

Cyan (och alt Zyan geschriwwen) ass e Faarftoun deen am siichtbare Spektrum vum Liicht am Iwwergank vu Blo op Gréng läit. Den Ausdrock gëtt haaptsächlech an techneschen an artisteschen Ëmfeld benotzt an ass an der Alldagssprooch méi rar. Et gëtt keng allgemeng akzeptéiert a kloer definéiert Faarfkategorie fir Cyan (am Géigesaz zum Beispill zu Orange).

An der Alldagssprooch gëtt turquoise oder türkis dacks als Synonym gebraucht, mä de Faarftoun Turquoise #40E0D0 ass net onbedéngt mat Cyan identesch.

Als Webfaarf (#00FFFF) gëtt Cyan synonym zu Acqua benotzt.

An der subtraktiver Faarfmëschung ass Cyan nieft Magenta, Giel a Schwaarz eng vun de Grondfaarwen am Véierfaarwendrock (Quadrichromie) an am Dréckereiwiesen.

Verschidde Cyantéin

[änneren | Quelltext änneren]

Webfaarf Cyan

Drock-Cyan

duerchschnëttlecht Cyan

duerchschnëttlecht Turquoise

 Commons: Cyan – Biller, Videoen oder Audiodateien