Jump to content

Hëllef:Tabellen

From mediawiki.org
This page is a translated version of the page Help:Tables and the translation is 99% complete.
Outdated translations are marked like this.
PD Notiz: Wann Dir dës Säit ännert sidd Dir d'accord Är Kontributioun ënner der CC0 ze publizéieren. Kuckt Public Domain Hëllefsäite fir méi Informatiounen. PD
Tables redirects here; for information about database table structure, see Manual:Database layout .

Tabelle kënnen a Wiki-Säiten erstallt ginn. Am Allgemengen ass et besser keng Tabell ze benotzen, et sief dann, Dir bréicht eng. Den Opbau vun enger Tabell verkomplizéiert dacks d'Säitebeaarbechtung.[1]

Resümmee vum Wiki-Tabellen-Code

{| Tabellufank, néideg.
|+ Tabellebeschrëftung, optional; just tëschent Tabellenufank an der éischter Tabellenzeil
|- Tabellenzeil, optional bei der éischter Zeil, soss obligatoresch -- (gëtt vum Wiki-Engine d'office gesat wann et an der éischter Zeil feelt)
! Tabellen-Kappzeil, optional. Kappzeilen déi hannerenee kommen, kënnen derbäigesat ginn: entweeder an der selwechter Zeil, wa se mat duebelen Ausruffzeechen (!!) getrennt ginn, oder wann s'am Ufank vun neien Zeilen all hiert eegent Ausruffzeechen (!) hunn.
| Tabellenzell, optional. Zellen déi hannerenee kommen, kënnen derbäigesat ginn: entweeder an der selwechter Zeil, wa se mat duebele riichte Strécher (||) getrennt ginn, oder wann s'am Ufank vun neien Zeilen all hiren eegene riichte Stréch (|) hunn.
|} Tabelleschluss, néideg
  • *Déi Zeechen déi uewe genannt sinn, mussen am Ufank vun enger neier Zeil stoen, ausser den duebelen || an !! fir an enger Zeil optional Zellen hannerenee bäizesetzen. Sputten um Ufank vun enger Zeil ginn awer ignoréiert.
  • HTML-Attributer. All Zeechen, ausser dem Tabelleschluss, akzeptéiert optional een oder méi HTML-Attributer. D'Attributer mussen an der selwechter Zeil wéi d'Zeeche stoen. Trennt d'Attributer mat engem eenzege Sputt vuneneen.
    • **D'Zellen an d'Beschrëftung (| oder ||, ! oder !!, an |+) ëmschléissen den Inhalt. Trennt also all d'Attributer mat engem eenzele riichte Stréch (|) vum Inhalt. Den Zelleninhalt kann an der selwechter Zeil oder an den nächsten Zeil stoen.
    • **Tabellen- an Zeilenzeechen ({| an |-) hunn net direkt en Inhalt. Setzt kee riichte Stréch (|) no den optionalen Attributer derbäi. Wann Dir iertemlecherweis e riichte Stréch hannert d'Attributer fir d'Tabellen- oder d'Reienzeechen bäifüügt hutt, läscht de Parser et an och Äert lescht Attribut, wann et widder dem feelerhafte riichte Stréch stoung!
  • *Inhalt kann (a) no sengem Zellenzeechen no den optionalen HTML-Attributer an der selwechter Zeil stoen oder (b) an Zeilen ënner dem Zellenzeechen. Inhalt, deen d'Wikiformatéierung benotzt an déi selwer an enger neier Zeil muss ufänken, wéi Lëschten, Iwwerschrëften oder verschachtelt Tabellen, muss a senger eegener neier Zeil stoen.
    • **Riichte Stréch als Inhalt. Fir e riichte Stréch (Pipe) (|) an enger Tabell anzesetzen, benotzt den <nowiki>|</nowiki> Code.


Grondlagen

Maacht eng Tabelle mat der Editor-Geschierläischt

Am Quelltext-Editeur, setzt de Cursor do wou Dir eng Tabell afüge wëllt. Klickt op Erweidert an der Geschier-Läischt a wielt duerno de Knäppchen Tabell. Eng Fënster geet op.

An der Dialog-Fënster kënnt Dir wielen, ob Dir eng Tabellekappzeil aktivéiere wëllt, e Bord ronderëm an d'Tabell sortéierbar maache wëllt. E Virschau-Beispill gëtt ugewisen. Dir kënnt och d'Zuel vun den Zeilen a Kolonnen astellen, déi Dir braucht. Dréckt dann op de Knäppchen Drasetzen.

De follgende Code gëtt standardméisseg generéiert:

Wikicode:
{| class="wikitable" style="margin:auto"
|+ Text vun der Beschrëftung
|-
! Text vun der Iwwerschrëft !! Text vun der Iwwerschrëft !! Text vun der Iwwerschrëft
|-
| Text an der Zell || Text an der Zell || Text an der Zell
|-
| Text an der Zell || Text an der Zell || Text an der Zell
|-
| Text an der Zell || Text an der Zell || Text an der Zell
|}
Resultat:
Text vun der Beschrëftung
Text vun der Iwwerschrëft Text vun der Iwwerschrëft Text vun der Iwwerschrëft
Text an der Zell Text an der Zell Text an der Zell
Text an der Zell Text an der Zell Text an der Zell
Text an der Zell Text an der Zell Text an der Zell

Minimal Syntax

D'Tabell hei drënner huet weeder Ränner nach gutt Ofstänn, se weist awer déi einfachst Struktur vun der Wiki-Tabellestruktur.

Dir tippt Dir kritt
{|
| Orange
| Apel
|-
| Brout
| Taart
|-
| Botter
| Glace
|}
Orange Apel
Brout Taart
Botter Glace

D'Zellen an der selwechter Rei kënnen an enger Zeil ugi ginn, wa se mat || getrennt ginn. Wann den Text an der Zell en Zeilenëmbroch kréie soll, benotzt dann ‎<br />.

Dir tippt Dir kritt
{|
| Orange || Apel || méi
|-
| Brout || Taart || méi
|-
| Botter || Schockelas-<br />glace || a<br/>méi
|}
Orange Apel méi
Brout Taart méi
Botter Schockelas-
glace
a
méi

Extra Sputte bannent den Zellen am Wiki-Code hu keen Afloss drop wéi d'Tabell herno ausgesäit, wéi een am Beispill drënner gesäit:

Dir tippt Dir kritt
{|
|  Orange || Apel || méi
|-
|   Brout || Taart || méi
|-
|   Botter || Glace || a méi
|}
Orange Apel méi
Brout Taart méi
Botter Glace a méi

Dir kënnt och e méi laangen Text oder eng méi komplex Wiki-Syntax an den Tabellenzellen hunn:

Dir tippt Dir kritt
{|
|Lorem ipsum dolor sit amet,
consetetur sadipscing elitr,
sed diam nonumy eirmod tempor invidunt
ut labore et dolore magna aliquyam erat,
sed diam voluptua.

At vero eos et accusam et justo duo dolores
et ea rebum. Stet clita kasd gubergren,
no sea takimata sanctus est Lorem ipsum
dolor sit amet.
|
* Lorem ipsum dolor sit amet
* consetetur sadipscing elitr
* sed diam nonumy eirmod tempor invidunt
|}
Lorem ipsum dolor sit amet,

consetetur sadipscing elitr, sed diam nonumy eirmod tempor invidunt ut labore et dolore magna aliquyam erat, sed diam voluptua.

At vero eos et accusam et justo duo dolores et ea rebum. Stet clita kasd gubergren, no sea takimata sanctus est Lorem ipsum dolor sit amet.

  • Lorem ipsum dolor sit amet
  • consetetur sadipscing elitr
  • sed diam nonumy eirmod tempor invidunt

Tabelleniwwerschrëften

Tabelleniwwerschrëften kënne mam ! (Ausruffzeechen) amplaz mam | (riichte Stréch) erstallt ginn. Iwwerschrëfte ginn normalerweis standardméisseg fett gedréckt an zentréiert ugewisen.

Dir tippt Dir kritt
{|
!style="text-align:left"| Artikel
! Quantitéit
! Betrag
|-
| Orange
|10
|7.00
|-
| Brout
|4
|3.00
|-
| Botter
|1
|5.00
|-
! Total
|
|15.00
|}
Artikel Quantitéit Betrag
Orange 10 7.00
Brout 4 3.00
Botter 1 5.00
Total 15.00
Wann Dir Attributer benotzt wéi an der Iwwerschrëft "Artikel", benotzt | fir d'Trennung. Net d'Ausruffzeechen !.

Beschrëftung

Eng Tabellebeschrëftung kann esou iwwer all Tabell bäigesat ginn:

Dir tippt Dir kritt
{|
|+Liewensmëttelzousätz
|-
| Orange
| Apel
|-
| Brout
| Taart
|-
| Botter
| Glace
|}
Liewensmëttelzousätz
Orange Apel
Brout Taart
Botter Glace

class="wikitable"

De Basis-Layout (hellgroen Hannergrond, Borden, bannenzegen Ofstand a lénks ausriichten) kritt een, wann een class="wikitable" derbäisetzt.

Dir tippt Dir kritt
{| class="wikitable"
|+Liewensmëttelzousätz
|-
| Orange
| Apel
|-
| Brout
| Taart
|-
| Botter
| Glace
|}
Liewensmëttelzousätz
Orange Apel
Brout Taart
Botter Glace

HTML "colspan" an "rowspan"

Fir e bessere Layout kënnt Dir d'HTML-Attributer colspan a rowspan an den Zelle gebrauchen.

Dir tippt Dir kritt
{| class="wikitable"
!colspan="6"| Akafslëscht
|-
|rowspan="2"| Brout & Botter
| Taart
| Bréidercher
| Kaffiskichelcher
|colspan="2"| Croissant
|-
| Jugurt
|colspan="2"| Glace
| Botter
| Jugurt
|}
Akafslëscht
Brout & Botter Taart Bréidercher Kaffiskichelcher Croissant
Kéis Glace Botter Jugurt

Hiweis zu groussen Tabellen (noresize class)

D'Benotze vum Element div.noresize mécht, datt Är Tabell fir mobil Apparater optimiséiert ass. Dat ass besonnesch wichteg fir grouss Tabellen, z. B. Tabelle mat méi wéi 4 Kolonnen oder mat grousse Kolonnen. Wann Dir dëst Element net benotzt, leeft Ären Inhalt an d'UI-Elementer iwwer, wéi z. B. an d'Vector 2022-Säiteläischt, oder ënnerbrécht déi mobil Usiicht. Dat mécht, datt d'Tabell eng horizontal Scrollbar kritt, wann d'Tabell ze grouss fir den Inhalt ass.

Dir tippt:

<div class="noresize">
{| class="wikitable"
! colspan="6" |Shopping List
|-
| rowspan="2" |Areallyreallyreallyreallylongstringwillcauseyourtableto 
| Pie
| Buns
| Danish
| colspan="2" |Croissantsmaycausetexttoincreasethesizeofyourcolumnsoitbreaksoutofthecontent area if you do not wrap the table with noresize.
|-
| Cheese
| colspan="2" |Ice cream
| Butter
| Yogurt
|}
</div>

Dir kritt:

Shopping List
Areallyreallyreallyreallylongstringwillcauseyourtableto Pie Buns Danish Croissantsmaycausetexttoincreasethesizeofyourcolumnsoitbreaksoutofthecontent area if you do not wrap the table with noresize.
Cheese Ice cream Butter Yogurt

HTML-Attributer

Dir kënnt HTML-Attributer an d'Tabellen derbäisetzen. Fir déi verbindlech Quell iwwer HTML-Attributer, kuckt d'HTML-Spezifikatiounssäit vu W3C iwwer d'Tabellen.

Tabellenattributer

Wann Attributer nom Tabellenufank-Tag ({|) placéiert ginn, zielen d'Attributer fir déi ganz Tabell.

Dir tippt Dir kritt
{| class="wikitable" style="text-align: center; color: green;"
| Orange
| Apel
|12,333.00
|-
| Brout
| Taart
|500.00
|-
| Botter
| Glace
|1.00
|}
Orange Apel 12,333.00
Brout Taart 500.00
Botter Glace 1.00

Zellenattributer

Dir kënnt Attributer fir eenzel Zellen definéieren. Zum Beispill, gesinn Zuele besser aus, wa se riets alignéiert sinn.

Dir tippt Dir kritt
{| class="wikitable"
| Orange
| Apel
| style="text-align:right;" | 12,333.00
|-
| Brout
| Taart
| style="text-align:right;" | 500.00
|-
| Botter
| Glace
| style="text-align:right;" | 1.00
|}
Orange Apel 12,333.00
Brout Taart 500.00
Botter Glace 1.00

Dir kënnt och Zell-Attributer benotzen, wann Dir méi Zellen op enger eenzeger Zeil oplëscht. Denkt drun, datt d'Zelle mat || getrennt ginn, an datt an all Zell d'Attribut(er) an de Wäert mat | getrennt ginn.

Dir tippt Dir kritt
{| class="wikitable"
| Orange || Apel     || style="text-align:right;" | 12,333.00
|-
| Brout || Taart       || style="text-align:right;" | 500.00
|-
| Botter || Glace || style="text-align:right;" | 1.00
|}
Orange Apel 12,333.00
Brout Taart 500.00
Botter Glace 1.00

Zeilenattributer

Dir kënnt och Attributer fir eenzel Zeilen definéieren.

Dir tippt Dir kritt
{| class="wikitable"
| Orange
| Apel
| style="text-align:right;"| 12,333.00
|-
| Brout
| Taart
| style="text-align:right;"| 500.00
|- style="font-style: italic; color: green;"
| Botter
| Glace
| style="text-align:right;"| 1.00
|}
Orange Apel 12,333.00
Brout Taart 500.00
Botter Glace 1.00

Attributer fir Iwwerschrëften a Legenden

D'Attributer fir d'Iwwerschrëften an d'Legende kënnen esou derbäigesat ginn:

Dir tippt Dir kritt
{| class="wikitable"
|+ style="caption-side:bottom; color:#e76700;"|Liewensmëttelzousätz
|-
!style="color:green"| Uebst
!style="color:red"| Fetter
|-
| Orange
| Botter
|-
| Bier
| Taart
|-
| Apel
| Glace
|}
Liewensmëttelzousätz
Uebst Fetter
Orange Botter
Bier Taart
Apel Glace

Breet vum Bord

Wann "border-width:" nëmmen ee Wäert huet, da gëllt e fir all véier Säite vum Bord:

Dir tippt Dir kritt
{|style="border-style: solid; border-width: 20px"
|
Moien
|}

Moien

Wann "border-width:" allerdéngs méi wéi ee Wäert huet, da stinn déi véier Wäerter an der Reiefolleg: uewen, riets, ënnen, lénks (DENKT UN de Sënn vun der Auer ↑→↓←).

Dir tippt Dir kritt
{|style="border-style: solid; border-width: 10px 20px 100px 0"
|
Moien
|}

Moien

Wann et manner wéi 4 Wäerter gëtt:

  • dräi Wäerter, z. B. top, right, bottom: dann ass de Standardwäert fir left dee selwechte wéi right (zweete Wäert). D'Breet ass dann op der lénkser an der rietser Säit d'selwecht.
  • zwéi Wäerter, z. B. top, right: dann ass de Standardwäert fir bottom dee selwechte wéi top (éischte Wäert), an left kritt standardméisseg de Wäert vun right (zweete Wäert) zougewisen. D'Breet uewen ass dann déi selwecht wéi ënnen; d'Breet lénks ass déi selwecht wéi riets.
  • ee Wäert, z. B. top: dann ass de Standardwäert fir right dee vun top (éischte Wäert), an en ass d'selwecht fir bottom an left. Déi véier Breete sinn d'selwecht a maachen en normale Bord. Déi Formatéierung ass eng gebräichlech Kuerzform.

Eng aner Method fir d'Breet vun de véier Säite vun enger Zell ze definéieren ass d'Benotze vun "border-left", "border-right", "border-top" a "border-bottom":

Dir tippt Dir kritt
{|style="border-left:solid 10px black;border-right:solid 20px black;border-top:solid 30px black;border-bottom:solid 40px black; margin:auto"
|
Moien
|}

Moien

D'HTML-Attributer (wéi "width=", "border=", "cellspacing=", "cellpadding=") brauche keng Längtenunitéit (Pixel gëtt dann als Unitéit ugeholl). Se sinn och an HTML 5 ongëlteg.

"Cellpadding" definéiert den Ofstand tëscht dem Bord vun der Zell an dem Inhalt.[2]

D'CSS-Stil-Eegenschaften (déi d'HTML-Attributer iwwerschreiwen) brauchen eng explizit Längtenunitéit (wann de Wäert net 0 ass) wéi z. B. "px" fir Pixel.

Mat HTML-Attributer an CSS-Stiler

CSS Stilattributer kënne mat oder ouni aner HTML-Attributer derbäigesat ginn.

Dir tippt Dir kritt
{| class="wikitable" style="color:green; background-color:#ffffcc;" cellpadding="10"
| Orange
| Apel
|-
| Brout
| Taart
|-
| Botter
| Glace
|}
Orange Apel
Brout Taart
Botter Glace

Padding

Et ass de bannenzegen Ofstand tëscht dem Inhalt an dem Bord vun der Zell.

Dir tippt Dir kritt
{|class=wikitable
| style="padding: 10px" | Beispill fir style="padding:10px"
|-
| style="padding: 50px" | Beispill fir style="padding:50px"<br/><br/>De bannzegen Ofstand an '''ALL ZELL''' festleeën.
|-
| style="padding:100px" | Beispill fir style="padding:100px"
|}
Beispill fir style="padding:10px"
Beispill fir style="padding:50px"

De bannzegen Ofstand an ALL ZELL festleeën.
Beispill fir style="padding:100px"

Breet vun der Kolonn

D'Breet vun der Kolonn kann esou definéiert ginn:

Dir tippt:

{| class="wikitable" style="width: 85%;"
| colspan="2" | D'Breet vun dëser Kolonn ass 85 % vun der Bildschiermbreet
|-
| style="width: 30%"| '''Dës Kolonn zielt fir 30 % vun de 85 % vun der Bildschirmbreet'''
| style="width: 70%"| '''Dës Kolonn zielt fir 70 % vun de 85 % vun der Bildschirmbreet'''
|}

Dir kritt:

D'Breet vun dëser Kolonn ass 85 % vun der Bildschiermbreet
Dës Kolonn zielt fir 30 % vun de 85 % vun der Bildschirmbreet Dës Kolonn zielt fir 7 0% vun de 85 % vun der Bildschirmbreet

Accessibilitéit vun den Tabelleniwwerschrëften

Zelle mat Tabellekappzeile spezifizéieren normalerweis net, op wéi eng Zelle vun der Tabell se sech bezéien (déi riets vun hinnen an der selwechter Zeil oder déi drënner an der selwechter Kolonn). Wann d'Tabell an engem visuellen 2D-Ëmfeld duergestallt gëtt, ass et normalerweis einfach ze schlussfollgeren.

Wann d'Tabellen allerdéngs an net-visuelle Medien duergestallt ginn, kënnt Dir dem Browser hëllefen ze bestëmmen, op wéi eng Kappzeil d'Beschreiwung vun enger ausgewielter Zell zoutrëfft (fir datt hiren Inhalt mat enger Accessibilitéitshëllef kann erëmgi ginn), andeems Dir en Attribut scope="row" oder scope="col" an d'Kappzeil setzt. An de meeschte Fäll mat einfachen Tabellen, wäert Dir scope="col" an all Kappzell vun der éischter Zeil, an scope="row" an der éischter Zell vun den Zeilen drënner benotzen:

Dir tippt Dir kritt
{| class="wikitable"
|-
! scope="col"| Artikel
! scope="col"| Quantitéit
! scope="col"| Präis
|-
! scope="row"| Brout
| 0.3 kg
| $0.65
|-
! scope="row"| Botter
| 0.125 kg
| $1.25
|-
! scope="row" colspan="2"| Total
| $1.90
|}
Artikel Quantitéit Präis
Brout 0.3 kg $0.65
Botter 0.125 kg $1.25
Total $1.90

Ausriichtung

Tabellenausriichtung

D'Tabell gëtt mat CSS ausgeriicht. D'Tabellenausriichtung gëtt mat Ränner (margin) gesteiert. E feste Rand op enger Säit suergt dofir, datt d'Tabell op där Säit ausgeriicht ass, wann op der anerer Säit de Rand als auto definéiert ass. Fir eng Tabell zentréiert auszeriichten, setzt béid Ränner op auto

Zum Beispill fir eng riets ausgeriicht Tabell:

Dir tippt Dir kritt
{| class="wikitable" style="margin-left: auto; margin-right: 0px;"
| Orange
| Apel
|-
| Brout
| Taart
|-
| Botter
| Glace
|}

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetuer adipiscing
elit, sed diam nonummy nibh euismod tincidunt ut
laoreet dolore magna aliquam erat volutpat. Ut wisi
enim ad minim veniam, quis nostrud exerci tation
ullamcorper suscipit lobortis nisl ut aliquip ex ea
commodo consequat.
Orange Apel
Brout Taart
Botter Glace

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetuer adipiscing elit, sed diam nonummy nibh euismod tincidunt ut laoreet dolore magna aliquam erat volutpat. Ut wisi enim ad minim veniam, quis nostrud exerci tation ullamcorper suscipit lobortis nisl ut aliquip ex ea commodo consequat.

A fir eng zentréiert Tabell:

Dir tippt Dir kritt
{| class="wikitable" style="margin: auto;"
| Orange
| Apel
|-
| Brout
| Taart
|-
| Botter
| Glace
|}

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetuer adipiscing
elit, sed diam nonummy nibh euismod tincidunt ut
laoreet dolore magna aliquam erat volutpat. Ut wisi
enim ad minim veniam, quis nostrud exerci tation
ullamcorper suscipit lobortis nisl ut aliquip ex ea
commodo consequat.
Orange Apel
Brout Taart
Botter Glace

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetuer adipiscing elit, sed diam nonummy nibh euismod tincidunt ut laoreet dolore magna aliquam erat volutpat. Ut wisi enim ad minim veniam, quis nostrud exerci tation ullamcorper suscipit lobortis nisl ut aliquip ex ea commodo consequat.

Tabell déi ronderëm den Text schwieft

Wann Dir eng Tabell riets oder lénks op der Säit ausriicht, fänkt den Text deen no der Tabell kënnt um Enn vun der Tabell un, wat zu engem eidele Raum ronderëm der Tabell féiert. Dir kënnt d'Tabell mam Stil float definéieren, fir datt den Text ronderëm d'Tabell fléisst, amplaz just d'Tabell auszeriichten. Dat kann ee mam CSS Attribut float erreechen, deen definéiert ob d'Tabell op der rietser oder op der lénker Säit schwieft (float). Wann Dir float benotzt, steieren d'Ränner net méi d'Ausriichtung vun der Tabell, mä d'Ränner tëscht der Tabell an dem Text ronderëm.

Dir tippt Dir kritt
{| class="wikitable" style="float:right; margin-left: 10px;"
| Orange
| Apel
|-
| Brout
| Taart
|-
| Botter
| Glace
|}

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetuer adipiscing
elit, sed diam nonummy nibh euismod tincidunt ut
laoreet dolore magna aliquam erat volutpat. Ut wisi
enim ad minim veniam, quis nostrud exerci tation
ullamcorper suscipit lobortis nisl ut aliquip ex ea
commodo consequat. Duis autem vel eum iriure dolor
in hendrerit in vulputate velit esse molestie consequat,
vel illum dolore eu feugiat nulla facilisis at vero
eros et accumsan et iusto odio dignissim qui blandit
praesent luptatum zzril delenit augue duis dolore te
feugait nulla facilisi.
Orange Apel
Brout Taart
Botter Glace

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetuer adipiscing elit, sed diam nonummy nibh euismod tincidunt ut laoreet dolore magna aliquam erat volutpat. Ut wisi enim ad minim veniam, quis nostrud exerci tation ullamcorper suscipit lobortis nisl ut aliquip ex ea commodo consequat. Duis autem vel eum iriure dolor in hendrerit in vulputate velit esse molestie consequat, vel illum dolore eu feugiat nulla facilisis at vero eros et accumsan et iusto odio dignissim qui blandit praesent luptatum zzril delenit augue duis dolore te feugait nulla facilisi.

Ausriichtung vum Zelleninhalt

D'Ausriichtung vum Zelleninhalt ka mat zwou verschiddenen CSS Eegenschafte gesteiert ginn: text-align an vertical-align. text-align kann an der Tabell, an der Rei oder an eenzelen Zellen ugi ginn, iwwerdeems vertical-align just an eenzelen Zeilen oder Zellen definéiert ka ginn.

Dir tippt Dir kritt
{| class="wikitable"
|- style="vertical-align:top;"
| style="height:100px; width:100px; text-align:left;" | A
| style="height:100px; width:100px; text-align:center;" | B
| style="height:100px; width:100px; text-align:right;" | C
|- style="vertical-align:middle;"
| style="height:100px; width:100px; text-align:left;" | D
| style="height:100px; width:100px; text-align:center;" | E
| style="height:100px; width:100px; text-align:right;" | F
|- style="vertical-align:bottom;"
| style="height:100px; width:100px; text-align:left;" | G
| style="height:100px; width:100px; text-align:center;" | H
| style="height:100px; width:100px; text-align:right;" | I
|}
A B C
D E F
G H I

Aschränkungen

Negativ Zuelen

Wann een an enger neier Zeil eng Zell mat enger negativer Zuel (mat engem Minuszeechen oder engem Parameter, deen enger negativer Zuel entsprécht) ufänkt, kann dat d'Tabell futti maachen, well d'Zeecheketten |- als Wiki-Code fir eng Tabellenzeil an net fir eng Tabellenzell erkannt gëtt. Fir dat ze verhënneren, kann een e Sputt virun de Wäert (| -6) setzen oder den In-line Code (|| -6) benotzen.

CSS oder Attributer

D'Borde vun den Tabellen, déi mat CSS amplaz vum border-Attribut spezifizéiert ginn, ginn an enger klenger Partie vun Textbrowseren net richteg duergestallt.

Gemeinsam Attributer fir Kolonnen, Gruppe vu Kolonnen a Gruppe vun Zeilen

D'MediaWiki Syntax fir Tabelle bitt momentan keng Ënnerstëtzung u fir gemeinsam Attributer fir Kolonnen (mam HTML-Element ‎<col />), Gruppe vu Kolonnen (HTML-Element ‎<colgroup>‎</colgroup>) oder Gruppe vun Zeilen (HTML-Elementer $head, ‎<tbody>‎</tbody> a ‎<tfoot>‎</tfoot>) ze spezifizéieren. D'standard HTML-Elementer ginn och net emol an hirer HTML oder XHTML Syntax akzeptéiert.

All d'Zeilen an d'Zellen (Iwwerschrëften oder Daten) vun der Tabell ginn an enger eenzeger implizitter Grupp vun Zeilen (HTML-Element ‎<tbody>‎</tbody>) ouni Attributer oder Stiler duergestallt.

Tabellen an de VisualEditor (VE)

Kuckt och: Hëllef:VisualEditor/Benotzerhandbuch

Kuckt Phab: T108245: "Fully support basic table editing in the visual editor". Kuckt d'Lëscht vun den Aufgaben. Aufgaben déi erleedegt sinn, sinn duerchgestrach. Et ka schwéier sinn aus der technescher Sprooch erauszefannen, wat genee verbessert gouf oder wat fir Features derbäigesat goufen. Schreift wgl. eng Erklärung hei ënnen derbäi.

Kolonnen an Zeile réckelen oder läschen

Klickt an d'Kappzeil vun enger Kolonn oder Zeil. Klickt dann op den Feil. Klickt am Popup-Menü op "Move" (réckelen) oder "Delete" (läschen).

Eidel Zeil oder Kolonn drasetzen

Klickt am selwechte Popup-Menü op "Drasetzen".

Tabell vun enger Internetsäit an de VisualEditor kopéieren

Et ass méiglech, eng Tabell vun enger Websäit ze kopéieren an se direkt an de VisualEditor (VE) anzepechen. Fir sécherzestellen datt et klappt, benotzt d'Sandkaul a kontrolléiert ob d'Tabell am Wiki-Quelltext richteg codéiert an am VisualEditor an der Virschau richteg ugewise gëtt.

Hëllefsmëttel

  • Mat Excel2Wiki ass et méiglech fir eng Tabell aus Excel, Apache OpenOffice, LibreOffice oder Gnumeric ze kopéieren, an s'an eng Wikicode-Tabell ëmzewandelen.

Kuckt och

Notten

  1. Tabelle kënnen entweder direkt mat HTML-Elementer oder mat der Wikicode-Formatéierung erstallt ginn. HTML-Elementer an hir Benotzung si gutt op verschiddene Websäite beschriwwen a sinn hei kee Sujet. De Virdeel vum Wikicode ass, datt d'Tabell aus Zeechesymboler opgebaut ass, déi et méi einfach maachen d'Struktur vun der Tabell an der Artikelbeaarbechtung ze gesinn, am Verglach mat den HTML-Elementer.
  2. HTML table cellpadding Attribute